Kultur am Gespréich
Dës Woch goung an der Galerie L´Indépendance vun der BIL op der Escher Strooss an der Stad eng Ausstellung mat Wierker vun der lëtzebuergesch-tschechescher Kënschtlerin Iva Mrazkova op. Human(ised) Nature huet si hir Expo iwwerschriwwen. D´Cléo Thoma huet en Interview mat der Kënschtlerin realiséiert; en Deel vun dësem Gespréich héiert Dir an där nächster Editioun vun onsem Konschtmagazin. Fir Kultur am Gespréich proposéiert d´Cléo Thoma een aneren Extrait aus dem Interview.